30/05/2026
🍀🙌❤️
🌸✨ Merci un all eis Kandidatinnen! ✨🌸
De nationale LuxSkills-Concours: Floristik war net nëmmen eng spannend Geleeënheet fir Talent, Kreativitéit a Fachkënnen ze weisen, mee och d'Pré-Seléctioun fir d'Participatioun vun de Lëtzebuerger Floristen un den EuroSkills Düsseldorf 2027. 🇱🇺🇪🇺 Organiséiert vu Worldskills Luxembourg während der Schoulfoire 2026.
Mir soen all de Kandidatinnen e grousse Merci fir hiren Asaz, hir Motivatioun an hire Courage, sech dëser Erausfuerderung ze stellen. Dir hutt mat Ärer Kreativitéit, Ärem handwierkleche Kënnen an Ärer Passioun fir d'Floristik beandrockt. 💐
👏 Merci & BRAVO un:
🍀 Julie Baulisch, Fleurs du Temps, Sandweiler
🍀 Ortiz Aviles Luana, VIOLA - Atelier Floral, Landscheid
🍀 Leana Scheidel, Thiellen Fleurs & Déco, Miersch
🍀 Kyara Guth, TorreFakt, Wemperhardt/Wäiswampech
Besonnesch gratuléiere mir der *Julie Baulisch*, Apprentie-Fleuriste bei Fleurs du Temps zu Sandweiler, déi als Gewënnerin aus dem Concours ervirgaangen ass a sech fir déi nächst Etapp um Wee Richtung EuroSkills Düsseldorf 2027 qualifizéiert huet. 🌿🏆
Als Zeeche vun eiser Unerkennung huet d'Fédération Horticole Luxembourgeoise (.lu) all Kandidatinnen mat engem klenge Kaddo iwwerrascht. Eng klenge Geste fir e grousst Engagement. 🎁
Mir si stolz op iech alleguer! Dir sidd déi bescht Ambassadrice vum Floristen-Handwierk a weist, datt eis Branche eng talentéiert an motivéiert Nofolleg huet. 🌸✨
🍀🌈 MERCI och un d'Experten & d'Organisatiouns-TEAM.