28/05/2026
📚 Nei am Geschäft erakomm: Focus op Modelspoorwegen & dat brandneit Focus op Modelspoorwegen 2 🚂✨
Wann een dës Bicher an d’Hand hëlt, versteet een direkt firwat esou vill Modellbunnsfrënn dovunner schwärmen 😍 Hei geet et net ëm “einfach nëmmen e Buch”, mee ëm eng richteg Rees duerch faszinéierend Modellwelten.
🔎 Ze gesinn sinn:
✨ meeschterhaft gebaut Anlagen
✨ realistesch Landschaften & Statiounen
✨ industriell Szenen voller Detailer
✨ modern an historesch Zich 🚂
✨ kleng Detailer déi bal wéi Realitéit wierken
Dobäi sinn och Anlagen aus Lëtzebuerg 🇱🇺, Anlagen déi hei ausgestallt waren an esouguer verschidde bekannte Anlagen vun Ausstellungen wéi der Ontraxs 🚂
🇳🇱 D’Bicher sinn zwar op hollännesch geschriwwen, mee dat ass hei bal sekundär — et sinn immens vill Fotoen dran, vill méi wéi Text. Perfekt fir sech inspiréieren ze loossen oder einfach gemittlech dran ze bliederen.
💡 Egal obs du selwer eng Anlage baus, Iddie sichs oder einfach schéi Modellbunnsbiller gären hues — dës Bicher maachen wierklech Freed.
💶 Präis pro Buch: 39,90 €
📍 Elo verfügbar bei der
Modellbahn Manufaktur POSSIBLE-SCHINTGEN
zu Miersch