10/12/2023
Léif Clienten, léif Frënn,
Liewen huet eis ee klenge Butz🌞 geschenkt, an eis zu stolzen Grousselteren gemaach.
Wëll mir Vertrauen geschenkt kruten op deen klenge Butz oppassen ze däerfen, wëllen mir dat och richteg gutt maachen.
Esou deelen mir Iech mat dat FUDDERKESCHT hier Dieren dësen Dezember zou mécht...
Ganz getrei dem Moto no:
"Man soll gehn wenn es am schönsten ist"
Et war eng ganz schéin Zeit!
Ee ganz groussen MERCI un Iech all!
Dir hutt aus enger klenger FUDDERKESCHT eng ganz grouss gemaach.
Mir haten nie domadder gerechent esou grouss ze ginn!
Stolz sinn mir, mat Iech an duerch Iech dat erreecht ze hunn.
Mir soen Iech all villmools MERCI fir äert Vertrauen iwwer all déi Zeit.
Merci fir déi vill Gespréicher an déi léif Gesten ( Knippercher, Wäin, Blummen, Cadeaue fir eis Enkelin....)
Merci fir déi Frëndschaften déi entstanen sinn.
Ee ganz groussen MERCI geet dann awer och nach un mein Mann, deen deemools ouni ze zecken mat mir an kaalt Waasser gesprongen ass an ëmmer hannert mer stoung an steet!
Merci fir deng Ënnerstëtzung , ouni dech wär FUDDERKESCHT nie méiglech gewiescht!
Ab maren maachen mir Iech op eisem Reststock 15% bei ärem Akaf bei eis am Buttek!
MERCI Iech all!