15/06/2026
🌾 Regional Produiten erliewen, schmaachen an entdecken! 🌾
Um "Dag um Bauerenhaff" hate mir d'Geleeënheet, eng Auswiel vun de Produite vun eise Produzente virzestellen a mat de Visiteuren iwwer regional Liewensmëttel an hir Hierkonft an den Austausch ze goen.
Fir eis ass et wichteg, datt regional Produiten net nëmme produzéiert ginn, mee och fir d'Konsumente sichtbar a liicht zougänglech sinn. Nëmmen esou kann eng staark Verbindung tëscht Produzenten a Konsumenten entstoen an déi regional Wäertschöpfung nohalteg gestäerkt ginn.
Mir hunn eis gefreet, déi grouss Diversitéit an d'Qualitéit vun eise regionale Produiten an de Mëttelpunkt ze stellen.