Distillerie Weber-Walch

Distillerie Weber-Walch Uebstbrand aus 100% Bongertenuebst

14/07/2026
Handwierk & Traditioun - dat ass eist VerspriechenSchonn an der 5ter Generatioun um selwechten Haff; zu Reisduerf direkt...
06/07/2026

Handwierk & Traditioun - dat ass eist Verspriechen

Schonn an der 5ter Generatioun um selwechten Haff; zu Reisduerf direkt un der wässer Arenz, stellt d'Distillerie Weber-Walch Destillater, oder och Drëppe genannt, hir.

No 40 Joer Stëllstand hu mir de Betrib erëm opgeholl mat enger neier Anlag an zwee vergréisserten a renovéierte Gebaier, déi alle modernen Uspréch gerecht ginn. Besonnesch houfreg si mir, well mir exklusiv Bongertenuebst verschaffen, wat gréisstendeels vun den eegene Beem kennt. D'Bongerte leien, ouni Ausnam, alleguerten an engem Emkrees vun 3km ëm den Haff am Duerfkär vu Reisduerf.

Mir produzéieren héichwäerteg Destillater a weider Produiten aus eisem Uebst aus den Däller a Koppe ronderëm d'Sauer, d'Arenz an d'Our.

Mat vill Passioun brenne mir virun allem zortereng Bränn, wat sech am eemolegen Aroma vun dëse gudden Drëpsen erëmspigelt.

Fir eng éischte Kéier fann dir eis Produiten op der Foire Agricole zu Ettelbréck 🍐🍎 och dem Anne's Kitchen hunn eis Drëp...
04/07/2026

Fir eng éischte Kéier fann dir eis Produiten op der Foire Agricole zu Ettelbréck 🍐🍎 och dem Anne's Kitchen hunn eis Drëppen geschmaacht. Merci den Mëllerdaller Produzenten fir d’Ënnerstëtzung.

NEELCHESBIER Ee Klassiker ënner de Bränn, dee sech bis haut a Lëtzebuerg grousser Beléiftheet erfreet. D’Beem mat hire b...
03/07/2026

NEELCHESBIER

Ee Klassiker ënner de Bränn, dee sech bis haut a Lëtzebuerg grousser Beléiftheet erfreet. D’Beem mat hire bis zu 15 Meter breede Krounen, déi reegelméisseg voll mat giel-bronge Bieren hänken, si mat hirem héijen Alter vu bis zu iwwer 300 Joer, Zäitzeie vun enger bal verlueren Kulturlandschaft, déi vu Bongerten mat Héichstammuebstbeem gepräägt war.

D’Neelchesbiere ginn all zwee Deeg opgeraf an uschléissend direkt agemaischt. Dësen zäitintensive Prozess, gepaart mam Entrappe vun de Stiller, mécht, datt d’Drëpp nach méi ee renge Goût kritt. Am Gomm ass d’Destillat elegant, markant an awer och mëll an harmonesch am Ofgang. Dëst ass einfach onverwiesselbar an iwwertrëfft am Aroma souguer d’Williams Christ.

Et ass ee Stéck lëtzebuerger Traditioun an der Fläsch! Disponibel fir 31,00€ TVAC bei der Distillerie Weber-Walch.

SIEVENECHER VIZBIEREen zorterénge Brand, distilléiert aus enger seelener aler Regionalzort, déi schonn ab 1860 vun enger...
17/06/2026

SIEVENECHER VIZBIER

Een zorterénge Brand, distilléiert aus enger seelener aler Regionalzort, déi schonn ab 1860 vun enger Tréierer Bamschoul gezunn, geprafft a verkaaft ginn ass. An der Nues mécht sech dëse Brand niewent den typeschen Aromen vun zeidege Bieren, virun Allem duerch een dezenten Doft vu Mandelen, bemierkbar.

Trotz de charakteristesche Nouten vun ale Vizbierenzorten, ënnerscheed sech d’Sievenecher am Gomm, duerch hire méi rauen an äerdesche Geschmaach, vu Villem, wat ee scho kennt. Zesumme mat der Séisst vum Uebst ergëtt dat een harmonesche Brand, deen duerch säin vollen, eenzegaartege an ofwiesslungsräiche Goût, erausstécht.

Dëst authentescht a traditionellt Destillat, mat regionalem an nohaltege Charakter, kënn Dir fir 29,50€ TVAC bei der Distillerie Weber-Walch kafen.

12/06/2026

Endlech ass et esou wäit 🍎🍐🍊
Ab elo ass Distillerie Weber- Walch an den soziale Medien präsent.

An Zukunft stelle mer Iech mat Freed eis Produiten vir. Mir hunn eng grouss Gamme un verschiddenen Uebstbränn an eng Erweiderung steet schon an den Startlächer.
Vum lëtzebuerger Rambo, enger vunn villen Äppeldrëppen , enger Ueweréisterräichesch Wäibier bis hinn zu engem Tresterbrand. Vir all Goût ass eppes dobäi.

Zu eisem Bestandteel gehéiert awer och de séissen an saueren Viz.

Mir schaffen mat vill Léift zum Detail an zu dësem Handwierk fir Iech qualitativ héichwaerteg a lokal Produiten kënnen unzebidden.

De Wee vunn der Arbescht an de Bongerten bis hinn zum Befëllen vunn de Fläschen. Dëst sinn Etappen ob déi mir Iech an Zukunft waerte mathuelen an Iech esou d’Arbescht vun engem Brenner méi nobréngen.

Also freet Iech drop an stay tuned 🫶🏻

Adresse

15 Route De Larochette
Reisdorf
9391

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Distillerie Weber-Walch publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager